No engem knappe Joer Aarbechten am Minettpark Fond-de-Gras an der Gemeng Déifferdeng ass dësen historesche Site fäerdeg reamenagéiert. Et ass an der Haaptsaach dorëms gaangen, de Site méi zougänglech ze maache fir ee grousse Public. Dee fréiere Minnierssite sollt doduerch nei valoriséiert ginn. De leschte Freideg gouf de Fond-de-Gras a Presenz vum Kultur- a Patrimoinesminister Eric Thill an de Responsabele vum INPA presentéiert.