Am Zoo vun Nürnberg an Däitschland sinn am Juli fofzéng Pavianen doutgemaach ginn - net well se krank waren, mee well hiert Gehege dem Gesetz no ze kleng war. Dat huet fir vill Kritik vun Déiereschutz-Organisatioune gesuergt. Si hu gefuerdert, datt d’Déieren hätte misste vermëttelt ginn. Wéi ass d’Lag hei am Land? Dat froe mir de Chef-Veterinär vum Beetebuerger Park, den Dr. Guy Willems. Beim him ginn et zwar keng Pavianen, mee d’Gestioun vun der Unzuel un Déieren ass och do natierlech een Theema.