Klassik Aktuell

“Dem Händel säi Messias ass ee ganz groussen Challenge”


Listen Later

Den “Hallelujah” vum Georg Friedrich Händel kenne vill Leit, mee méi ass meeschtens net gewosst iwwer dee berüümten däitsch-brittesche Komponist. Säi “Messias” ass ee grousst Wierk mat méi wéi 2 Stonne Musek, wat hien deemools an nëmme 24 Deeg finaliséiert huet. De Lëtzebuerger Chouer Ambitus sengt deen “Oratorium “op engem Concert de 29. Mäerz 2025 am Trifolion zu Iechternach. “Wa mir schonn ee gudde ‘Messias’ hikréien, dat wier scho ganz schéin.” seet de Roby Schiltz. Hien huet de Chouer viru 55 Joer gegrënnt an ass och nach den Dirigent.
Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Roby Schiltz méi.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Klassik AktuellBy radio 100,7