Mir huelen Iech dës Kéier mat an d’Häerz vum afrikanesche Kontinent, an e Land mat enger faszinéierender Natur an enger beweegter Geschicht.
IIwwer 60 Prozent vum Land si mat tropeschem Reebësch bedeckt, an d’Haaptstad Kinshasa ass eng vun de gréissten a bevëlkerungsräichste Stied an Afrika. Trotz enger schwiereger Vergaangenheet huet de Kongo eng räich Kultur an eng begeeschtert Sportszeen. Legendär bleift de Boxkampf Rumble in the Jungle tëschent dem Muhammad Ali an dem George Foreman, deen 1974 zu Kinshasa stattfonnt huet.
De Cédric Reichel am Gespréich mam Jean-Paul Shungu, dem Pierre Fikula Nzingaan an der Fanny Tshijik Kalend.