Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner gen... more
FAQs about Den ACEL Studentecorner:How many episodes does Den ACEL Studentecorner have?The podcast currently has 16 episodes available.
June 30, 2026Episod 16 - Lille an d'Luxéire op BesuchDen 2. Juni waren de Mats vun der Luxéire an de Guillaume vu L.i.l.l.e. am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Luxéire a L.i.l.l.e. geschwat. Wéi ass et an Irland ze studéieren? Wou kann een iwwerall an Irland studéieren? Wéi ass et zu Lille zu studéieren? Firwat ass Lille esou eng flott Stad fir ze studéieren? Wat fir Eventer organiséieren, déi zwee Cerclen iwwert d'Joer?P.S.: déi zwee Cerclë stiechen nach an hire Kannerschong, well si goufe réischt 2025 gegrënnt!...more21minPlay
June 03, 2026Episod 15 - D'ACEL an d'AACEL op BesuchDen 29. Mee waren de Mattis vun der ACEL an de Sven vun der Amicale vun der ACEL am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'ACEL an d'Amical vun der ACEL geschwat. Wat steet bei der ACEL, déi nächst Zäit sou un? An et goufen Ännerungen zu der Studentefoire annoncéiert! D'Amicale vun der ACEL huet erzielt, wéi si d'ACEL ënnerstëtzen a wéi wichteg och nach ancien Studenten an ancienne Studentinne fir déi aktuell StudentInne sinn.P.S.: all fënnef Joer gëtt bei der ACEL an der Amicale grouss gefeiert!...more13minPlay
April 27, 2026Episod 14 - D'NSA an d'ALESPS op BesuchDe 24. Abrëll waren de Paul vun der NSA an de Joshua vun der ALESPS am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentencercelen NSA an ALESPS geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an de Beräicher vun den Infirmiersberuffer? Wéi eng Studiegäng ginn et an der Politikwëssenschaft, der Kommunikatioun, dem Journalismus a villes méi? Wou kann een déi Studiegäng jeeweils studéieren? Wéi eng Eventer organiséieren d'NSA an d'ALESPS?P.S.: béid Cercle sinn nach zimmlech jonk a goufen am selwechte Joer gegrënnt!...more21minPlay
April 01, 2026Episod 13 - Den ELAN an d'ALEM op BesuchDe 27. Mäerz waren den Theo vum Elan an de Joe vun der ALEM am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestad Nanzeg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et do? Wéi lieft et sech zu Nanzeg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? Mee et gouf awer och mat der ALEM iwwer all méiglech Studiegäng am medezinesche Beräich geschwat. Wou kann een iwwerall medezinesch Fächer studéieren? Wéi eng Oplage ginn et, wann een an ënnerschiddleche Länner wëll Medezin studéieren?P.S.: och mat enger manner gudder Première kann een nach Medezin studéiere goen!...more19minPlay
March 03, 2026Episod 12 - D'ALUS an d'ALSEP op BesuchDe 27. Februar waren d' vum LSD an d'Sophie vun der ALSEP am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestad Stroossbuerg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et do? Wéi lieft et sech zu Stroossbuerg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? Mee et gouf awer och mat der ALSEP iwwer all méiglech Studiegäng am pädagogesche Beräich geschwat. Wou kann een iwwerall pädagogesch Fächer studéieren? Wéi gesäit d'Zukunft mat engem pädagogeschen Diplom dono zu Lëtzebuerg aus?P.S.: weess du wat d'Stroossbuerger Studenten oft iesse ginn?...more21minPlay
February 03, 2026Episod 11 - Den LSD an de SLUF op BesuchDen 30. Januar waren d'Lina vum LSD an de Michel vum SLUF am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestied Düsseldorf a Freiburg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Düsseldorf an zu Freiburg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus?P.S.: wéi ee Lëtzebuerger Museker zu Freiburg studéiert, gëss du och hei gewuer!...more23minPlay
December 24, 2025Episod 10 - Den LSW an den LSM op BesuchDen 19. Dezember waren d'Joy vum LSW an den Eric vum LSM am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestied Wien a Münche geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Wien an zu München? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus?P.S.: wéi ee grousse Lëtzebuerger Museker zu Wien studéiert, gëss du och hei gewuer!...more18minPlay
December 03, 2025Episod 9 - D'Lëstlé an de CELB op BesuchDen 28. November waren d'Marion vun der Lëstlé an d'Diana vum CELB am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Jil iwwert d'Studentestied Léck a Bréissel geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Bréissel an zu Léck? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus?P.S.: wéi d'Sophie vun der ACEL sech d'Nues gebrach huet, gëss du an dëser Episod gewuer!...more27minPlay
October 27, 2025Episod 8 - D'ALEP an d'ANESEC op BesuchDe 24. Oktober waren d'Sam vun der ALEP an de Kevin vun der ANESEC am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studiegäng an der Psychologie an am Wirtschaftswiesen geschwat. Wéi eng Studiegäng regroupéieren déi zwee Cerclen? Wou kann een dës Studiegäng iwwerall studéieren? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewe aus?P.S.: wien op der Sich no enger Stage- oder Aarbechtsplaz ass, huet deemno wéi Succès mat der ANESEC!...more23minPlay
FAQs about Den ACEL Studentecorner:How many episodes does Den ACEL Studentecorner have?The podcast currently has 16 episodes available.