Den Tram ass elo um Findel ukomm, an den nächste Jore geet et a Richtung Esch an Areler Strooss, Hollerech an um Kierchbierg virun. Dee séieren Tram op Esch soll mat 80 Kilometer an der Stonn fueren an zu Leideleng, Féiz, Steebrécken, Metzeschmelz, Belval a Bieles halen.