D’Demokratie ass weltwäit a Gefor. Wa mir dat elo esou hei soen, wieren der warscheinlech vill averstanen. Mee wat mécht iwwerhaapt eng Demokratie aus? Wéi funktionéiert se? Dat gëtt een den Ament an der Abtei Neimënster an der Ausstellung DemokratieLabo vum Zentrum fir Politesch Bildung gewuer. Woubäi d’Wuert Ausstellung net heescht, datt et just eng Presentatioun ass: Wéi den Numm et seet, ass et en interaktive Labo.