De Jos Majerus ass Titularorganist vun der Iechternacher Basilika an organiséiert zënter Ufank un den Eechternoacher Uergelsummer. Dëse start 2025 a seng mëttlerweil 10. Editioun.
Dëst Joer sti mam Organist Maurice Clement, Jos Majerus, Ralf Hansjosten an dem Cellist Benedikt Hansjosten souwuel national wéi och international Artisten an der Basilika um Programm.
Mee wéi eng Relevanz den Uergelsummer fir d'Regioun huet a wéi et a punkto Nowuess an Nofro bei de Jonke bei der Uergel ausgesäit, doriwwer huet sech de Lex Kauffmann vum opus mam Jos Majerus ënnerhalen.
Programm
01.08.2025 - Maurice Clement (Uergel)
08.08.2025 - Jos Majerus (Uergel)
22.08.2025 - Ralf Hansjosten (Uergel) & Benedikt Hansjosten (Cello)
D'Concerten sinn Freides Owes ab 20 Auer an der Iechternacher Basilika.