Manner Handy, dofir méi Equiliber an der Fräizäit - dat proposéiert de Cnapa, de Cnapa-Centre National de Prévention des Addictions, a setzt dobäi de Fokus op kleng Kanner an hir Elteren. Well de Schued, deen ze vill Ecran uriicht wier evident, seet d'Psychologin Anouk Hinger.