Et ass d’Geschicht vun engem Bild, dat an den 1930er Joere vun den Nazie geklaut gouf, deem säi rechtméissege Proprietär nom Krich net direkt konnt identifizéiert ginn, dat du wärend laange Jore verschwonne war, éier et nees opgetaucht ass, dat awer ëmmer nach a friemen Hänn ass. Eng verwuerelt Geschicht, déi och e Lien mat Lëtzebuerg huet, well d’Bild dem Grousspapp vum Gerd Klestadt gehéiert huet. An dee Gerd Klestadt, deen zu Bergen-Belsen am KZ war, huet eng laang Zäit zu Lëtzebuerg gelieft, an hien ass och vill doruechter a Schoulen iwwer seng Zäit am Konzentratiounslager schwätze gaangen. E Buch iwwer hien, dat hei am Land erauskoum, spillt och eng net onwesentlech Roll an der Geschicht, déi de Maurice Molitor verzielt.