
Sign up to save your podcasts
Or


Fir déi drëtt Episod vum digiCast si mir zu Walfer bei den EduTrends 2026.
Den 10. an den 11. Juni huet de Ministère de l'Éducation Professioneller an Experten aus dem Beräich vun der non-formeller Bildung op eng Konferenz ronderëm d'Theema Screen-Life-Balance invitéiert.
De Christian Braun an d'Lea Lieser vun digiloom beschäftege sech an deem Kader mat der Fro, wéi eng Kompetenzen eis Kanner an enger ëmmer méi digitaler Welt brauchen, a wéi mir si op eng Zukunft virbereede kënnen, déi haut nach net virauszegesinn ass.
Vertrieder vun der Initiativ Zukunftsbildung, der Nordstadjugend an dem Kannermusée Plomm erzielen, wisou d'Spillen, sozial Bezéiungen, Kreativitéit a Mediekompetenz och an Zukunft eng wichteg Roll spille wäerten.
Tëscht kënschtlecher Intelligenz, Bildschiermzäit a Zukunftsvisioune geet et virun allem ëm eng Fro: Wat brauchen eis Kanner haut, fir muer gutt opgestallt ze sinn?
Méi Infos op www.digiloom.lu
Fir déi zweet Episod vum digiCast si mir bei der Aweiung vun de neie Raimlechkeeten zu Bartreng.
Den 9. Juni 2026 huet den nationale Ressourcenzenter fir digital Bildung a Medien seng Dieren op sengem neie Site offiziell opgemaach. Fir d’Ekipp vum digiloom ass dësen Opening allerdéngs kee Start, ma de Schluss vum Ufank.
Viru Bartreng gouf et nämlech schonn een digiloom.
De Christian Braun, deen de Projet leet, a seng Ekipp vu Mediepädagogen, erzielen, wéi dësen a sengem Popup-Site an der Rue du Fort Bourbon an der Stad Erfarunge gesammelt huet.
Tëscht Roboter, Speeches an e gelongene Éierewäin, erklären ënner anerem d’Samira Merenz vum Zentrum fir politesch Bildung, de Micas Carvalho vu BeeSecure an den Educatiounsminister Claude Meisch, wisou den digiloom wichteg fir Kanner ass.
Méi Infos op www.digiloom.lu
Fir déi éischt Episod vum digiCast ass d’Ekipp vum Centre de ressources digiloom an der Abtei Neimënster.
Do huet de Weekend vum 30. Mee de Kannerfestival 2026 stattfonnt. De Marco Deepen, Chef vun der Direktion générale vum Educatiounsministère mat der Zoustännegkeet fir d'Crèchen, d'Maison Relaisen an Dageselteren hei zu Lëtzebuerg, huet dee mat senger Ekipp matorganiséiert.
De Christian Braun vun digiloom, d’Nicole Horn vun arcus, an d’CJF haten do hiren eegene Stand. Si erzielen wat et um Kannerfestival alles ze gesinn an ze maache gouf, an och wisou non-formell Bildung fir eis Kanner esou wichteg ass.
Tëscht vill flotten Aktivitéiten kommen och si an hir Elteren zu Wuert.
Méi Infos op www.digiloom.lu
Wëllkomm am digiCast by digiloom.
Dem Podcast vum nationale Ressourcenzenter fir digital Bildung a Medie vun arcus.
Hei huele mir dech mat an d'Welt vu Bildung, Medien an de Froen, déi eis Gesellschaft vu muer beweegen.
Rendezvous op digiloom.lu
From the publisher's feed