D'Joer 2024 zu Lëtzebuerg wäert och als d'Joer vun der Caritas-Affär an Erënnerung bleiwen. D'Hëllefsorganisatioun krut 61 Milliounen Euro geklaut. D'Sue si bis haut verschwonnen, an dowéinst ass d'Caritas um Enn vum Joer och net méi dat, wat se virun 12 Méint nach war.