D'Krunnemécken

D'Krunnemécken

Download on the App Store

D'Krunnemécken episodes

  • #15 - Iwwer Partystemmung
    Des Woch bei den “Krunnemécken”: No engem kuerzen Diskurs iwwert den Här Corona, hält den Claude komeschen Exkurs op d'Thema Kokosnëss an hir Validitéit als Veganer-Iessen. Dono erkläert den Mika den Start vun der neier Formel-1 Saison, wat warscheinlech dat sportlechst ass, iwwert dat mer jee schwätzen wäerten.
    33 min
  • #14 - Tik, Tok, Drama
    No engem kuerzen Aussetzer sinn d“Krunnemécken” zeréck mat enger neier Episod vun genau deem Blödsinn, no deem Dier sicht. Den Mika bericht vun sengem Trip an en richtegt Recording-Studio, an mer hunn en Gespréich op extrem héijem Niveau iwwert dat TikTok-Drama, dat d'Land des Woch beweegt huet. D'Amerikaner kréien natierlech och rëm bëssen hier fett wech, as usual.
    26 min
  • #13 - Bierger falen iwwert Mënschen
    An dëser himmlescher Ausgab vun de “Krunnemécken” sinn mer fort vun den seriöen Themen an zréck zu eisem Alldag: Mer schwätzen iwwert Gott an d'Welt, hei an do, Solches an Jenes. An dat ganzt mat engem live-Publikum bei eis am Studio. (Live-Publikum = 1 Lorenzo, eist Studio = dem Claude seng Terrasse)
    35 min
  • #12 - Fast, Food, Fun
    An dëser extrem divisibler Episod vun de “Krunnemécken” gëtt et eng Première: Live-Bestellung an uschléissenden Konsum vun Fast Food. Niewebäi diskutéieren mer en kritescht Thema, dat eis all betrëfft. Zum Schluss, an no enger kuerzer Dissektioun vum Wieder, erënnert den Mika sech un seng Nahtod-Erfarung.
    40 min
  • #11 - Kontraster
    Des Woch gëtt et bei de “Krunnemécken” en bëssen méi seriö. Mer beliichten déi zwou Säiten vun der Amerikanescher Medail, andeems mer en groussen Succès, mee och eng batter Defaite beschwätzen. Béid sinn an der leschter Woch geschitt. D'Emotiounen kachen héisch, vun Staunen bis Roserei. Plus en bëssen Humor, natierlech.
    38 min
  • #10 - Onerwaart Zesummenhäng
    An der Salz-Jubiläums-Episod vun de “Krunnemécken” beliichten är Hosts déi donkel Säit vun der Podcast-Kreatioun, liwweren hier Prediktiounen iwwert d'Oplockerung vun den Quarantän-Mesuren of, an ginn dem Michelin an sengem Stär op en Grond. Zu gudder Lescht ass dann nach héichqualitativen däitschen Asi-TV zum Gespréich, also onbedéngt bis zum Schluss drun bleiwen.
    41 min
  • #9 - Better Together
    An dëser Episod sinn d'“Krunnemécken” endlech erëm (physikalesch) vereent, wat offensichtlech zu nach méi ofschwäifen wéi soss féiert. D'Faarf vun Tennisbäll, d'Flëssegkeet bei den Kelloggs, an den Goût vun Smecta stinn zur Debatt. Mer entschëllegen eis fir d'Audio-Qualitéit, dat hei ass eis éischt Expeditioun an d'Welt vum Outdoor-Podcasting.
    38 min
  • #8 - Et Ass Esouwäit
    Haut bei de “Krunnemécken” freeë mer eis iwwert eis nei gewonne Fräiheet, wann och zréckhalend. Och d'Form vum Mika sengem Baart ass am Gespréich, an mer eruéieren, firwat dem Jean Asselborn seng Sproochkenntnesser héisch Konscht sinn.
    34 min
  • #7 - Den Discipulus als Entertainer
    An der 4. Primärzuehl-Episod vun de “Krunnemécken” schwäifen mer vum Drénken an der Quarantaine, iwwert eis Capacitéit fir Small-Talk, an op den albekannten Klassen-Clown of. Als Bonus zielt den Mika eis, wei en un engem Radio-Gewënnspill deelgeholl huet, an den Claude wei en ausnamsweis eng positiv Erfarung op Reddit gemaach huet.
    45 min
  • #6 - De Faule Famulus
    Des Woch maachen d“Krunnemécken” d'hallef Dosen voll, andeems se iwwert dem Elon Musk seng Starlink-Satellitten informéieren, d'Motivatioun vun onsen Schüler an Studenten ënnert d'lupp huelen, an en weideren Subreddit beliichten, deen besser am Donkelen bliwwen wär.
    38 min

About D'Krunnemécken

From the publisher's feed

Zwou Krunnemécken, déi interessant Diskussiounen an alldeeglech Themen witzeg opgräifen. Fir all déi, déi 30 Minuten d’Woch ze vill hunn.