
Sign up to save your podcasts
Or


D‘Lëtzebuerger Guiden a Scoute sinn entsat iwwert e Bericht, dee weist, dass Neonazien de Scouten hire Chalet zu Wolz fir en Treffe gebraucht hunn. Flamännesch an hollännesch Medien hunn doriwwer bericht.
D‘Guiden a Scouten haten hire Chalet zu Wolz, am Norde vum Land, un extern Persoune gelount. D‘Journalisten hate Kameraen am Bësch beim Chalet verstoppt. Si hunn dunn eng Reunioun vun Neonazie gefilmt. Do gesäit een eng 20 Leit, déi ronderëm e Feier stinn. Si ruffen Nazi-Parolen a si verbrenne Bicher vu jiddeschen Auteuren.
D‘Lëtzebuerger Guiden a Scouten huet eng Plainte bei der Police vu Wolz gemaach. Si soen, si wieren aus de Medien iwwert dat Neonazi Treffe gewuer ginn. Si betounen: Si géife fir demokratesch Wäerter, wéi Toleranz a géigesäitege Respekt stoen, a si géife sech ganz kloer vun der Neonazi Ideologie distanzéieren.
Ee Véierel vun de Kanner hei zu Lëtzebuerg fille sech net a Sécherheet. An dat virun allem an der Schoul. Dat steet am neie Rapport vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher - kuerz OKAJU.
Eng 1.500 Kanner a Jugendlecher ware fir dës Rapport gefrot ginn, wéi si sech spieren, a wat hinne besonnesch vill Suerge mécht. E Véierel vun hinne soten, dass si sech an der Schoul net ëmmer sécher spieren, virun allem wéinst dem Problem vum Mobbing. En nationale Plang géint de Mobbing gëtt den Ament ausgeschafft.
An der Haaptstad vu Lëtzebuerg gëtt bis op Weideres keng Steier op eidele Wunnengen a Bauterrainen ageféiert. Am Stater Gemengerot hunn d‘Majoritéitsparteien DP an CSV, an d‘Oppositiounspartei ADR, géint eng sougenannte „Leerstandsteier“ gestëmmt. Als Grond hu si juristesch Bedenke genannt.
An där zweetgréisster Stad vum Land, zu Esch-Uelzecht, gouf rezent eng Steier op eidele Wunnengen an Terrainen ageféiert. Dat soll hëllefen, dass méi Wunnengen an Terrainen disponibel ginn.
Wéi vill Wunnengen zu Lëtzebuerg eidel stinn ass den Ament net kloer. Et gëtt keen nationale Wunnengsregëster.
Och zu Lëtzebuerg protestéiere Jonker géint déi héich Wunnengspräisser. De Kollektiv "Logementskris", dee vu Jugendorganisatiounen an d‘Liewe geruff gouf, huet e weidere Protest an der Stad organiséiert. De Kollektiv fuerdert, datt d‘Regierung e Wunnengsnoutstand deklaréiert a Mesurë géint déi héich Präisser ëmsetzt. D‘Jugendorganisatioune soen, datt virun allem Jonker vun den héije Logementspräisser betraff sinn. De Logementsminister Claude Meisch vun der liberaler Partei DP, huet Vertrieder vum Kollektiv Logementskris empfaangen, fir iwwer hir Fuerderungen ze schwätzen. No deem Treffen huet de Kollektiv sech awer enttäuscht gewisen. De Minister hätt kéng konkret Zousoe ginn.
Déi staatlech Subside fir d‘Elektromobilitéit zu Lëtzebuerg gi bis 2030 verlängert. Nodeems d‘Chamber dofir gestëmmt hat, huet den Ëmweltminister Serge Wilmes vun der CSV nach eng Kéier Detailer virgestallt. Bis 2030 leet de Staat leet deemno weider 6.000 Euro bäi, fir méi kleng Elektroautoen. Fir méi staark Elektroautoe kritt een 3.000 Euro Hëllef.
Nei ass de sougenannte Prefinanzement. Deen trëtt den 1. Januar a Kraaft. Dat bedeit, datt déi staatlech Subventioun direkt beim Kaf vun engem Elektroauto ofgezu gëtt. Bis elo huet een eng Demande misste maachen a krut déi Suen eréischt méi spéit. Elektroautoe ginn zu Lëtzebuerg ëmmer méi beléift. Si maachen de Moment ronn 10 Prozent vum Fuerpark aus. Bei den Autoen, déi am Oktober nei ugemellt goufen, ware 40 Prozent reng Elektroautoen.
D‘Cyclocross-Europameeschterschaft vun de Fraen an Holland suergt fir ganz vill Diskussiounen. D‘Lëtzebuergerin Marie Schreiber war am Sprint als éischt iwwer d‘Arrivée gefuer. Mee eng hallef Stonn duerno huet d‘Jury d‘Marie Schreiber op déi zweete Plaz zeréckgesat. Dat, well si beim Sprint d‘Hollännerin Lucinda Brand behënnert hätt. D‘Marie Schreiber sot, déi Decisioun wier respektlos an onfair. Si krut vun nationaler an internationaler Säit de Réck gestäipt. Esouguer d‘Lucinda Brand, déi um Enn d‘Goldmedail krut, sot, d‘Marie Schreiber hätt am Sprint näischt falsch gemaach. D’Lëtzebuerger Cyclissem-Federatioun huet dowéinst offiziell bei der europäescher Cyclisten-Unioun UEC ee Protest ageluecht a gefuerdert, datt d‘Marie Schreiber als Gewënnerin misst festgehale ginn.
Och zu Lëtzebuerg gouf et vill Reaktiounen op d‘Kongresswalen an den USA. Do hunn d‘Republikaner vum Donald Trump d‘Kontroll vum Kongress un d‘Demokrate verluer.
De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel vun der liberaler Partei DP, huet sech am 100,7 Interview erliichtert gewisen. An den USA gëtt et elo nees e Géigegewiicht zur Muecht vum Donald Trump, sot hien.
Och den DP-Europadeputéierte Charles Goerens huet am 100,7 Interview den Demokraten hir Victoire eng gutt Nouvelle fir Europa genannt. Hien hofft, datt doduerch och an Europa d‘Ënnerstëtzung fir rietsextreem Parteie ka gebremst ginn.
Déi geplangten automatesch Erkennung vun Autosplacken zu Lëtzebuerg verstéisst méiglecherweis géint d‘Verfassung. Dat seet de Staatsrot, de Gremium, dee Gesetzestexter iwwerpréift. An engem Avis formuléiert de Staatsrot eng sougenannte "formell" Oppositioun. Doran heescht et: Eng automatesch Erkennung vun Autosplacke kéint zu enger permanenter Iwwerwaachung vum ganze Land féieren. De Gesetztext vum CSV-Inneminister Léon Gloden muss elo iwwerschafft ginn.
Et gëtt weidere Widderstand géint de Plang, fir d‘Tanklager um Hafe vu Mäertert op der Musel ze vergréisseren. Och déi däitsch Gemeng Temmels, déi just vis à vis op der däitscher Säit läit, wëllt juristesch dogéint virgoen. Op der Lëtzebuerger Säit hat virdrun och schonn d‘Gemeng Gréiwemaacher sech géint en Ausbau vun den Tanklager gestallt.
Den Aarbechtsminister Marc Spautz vun der CSV huet eng nei Propos virgestallt, fir d‘Aarbechtszäiten anescht ze organiséieren. Hie proposéiert, nëmmen nach véier Deeg d‘Woch ze schaffen, mee dofir 10 Stonnen den Dag.
Ob d‘Gewerkschaften an d‘Patronen domat averstane si bleift awer ofzewaarden. Et gouf laang Sträit tëschent hinnen iwwer dëse Sujet. Bei der gréisster Gewerkschaft OGBL sot d‘Presidentin Nora Back am 100,7 Interview: Dem Minister seng Propos kéint si eventuell akzeptéieren. Awer nëmmen dann, wann dat iwwer Kollektivverträg gereegelt gëtt, wou d‘Aarbechtskonditiounen a Rechter vun den Employéë kloer definéiert sinn.
Mir bezuelen den Ament 5 Cent de Liter Bensinn an Diesel manner, wéi normal. Dat ass de sougenannten Tankrabatt. Dat leeft nach bis Enn Februar 2027 esou weider. Dann ass et awer eriwwer. All déi aner Energie-Hëllefe fir Stroum, Mazout a Gas – déi och elo a Kraaft sinn – ginn awer fir dat ganzt nächst Joer nach verlängert. Dat hunn d’Regierung, d’Patronat an d’Gewerkschaften en Donneschdeg am Comité de suivi vun der Tripartie decidéiert. D’Verlängerung vun den Energie-Mesurë kascht de Staat 150 Milliounen Euro. D’Regierung hofft, datt domat d’Inflatioun gebremst gëtt. Hiert Zil ass et nämlech, datt d’nächst Joer nëmmen eng Indextranche erfält. Dat heescht, datt d’Paien an d’Pensiounen 2027 nëmmen eemol ëm 2,5 Prozent gehéicht ginn.
Den 1. Januar 2028 trëtt bei eis eng Steierreform a Kraaft. D’Chamber huet déi e Mëttwoch gestëmmt. Nei ass, datt et an Zukunft nach just eng Steierklass gëtt, d’Steierklass U. Déi Reform soll méi Gerechtegkeet bei de Steiere bréngen, de System méi einfach maachen an och derfir suergen, datt generell méi Sue fir de Bierger iwwereg bleiwen. Domat gëtt déi sougenannten Individualiséierung agefouert – wat dann och bedeit, datt een als Koppel zwou Steiererklärunge muss maachen.
De Prisong fir Untersuchungsprisonéier zu Suessem ass ze kleng, och wann en eréischt viru 4 Joer op gaangen ass. Dat gouf dës Woch aus dem Justizministère confirméiert. Et sinn esou vill Prisonéier do, datt Verschiddener vun hinnen zënter dem Summer op Matrassen um Buedem schlofen. Bis elo, Enn Oktober, sollen awer 20 Etagebetter an d‘Prisongszelle bei gesat ginn. Esou kënnen an Duebelzellen 3 Leit schlofen. D‘Kapazitéit vum Untersuchungsprisong klëmmt domat vu 417 op 437. D’Prisonéier bleiwen an der Moyenne iwweregens 3,6 Méint an Untersuchungshaft.
D’Regierung, d’Gewerkschaften an d’Vertrieder vun de Patrone souzen dës Woch ronderëm den Dësch. Dat am Comité de suivi vun der Tripartite, wéi dat offiziell heescht. Si hunn driwwer diskutéiert, wéi d’Regierung soll bei den héijen Energiepräisser vum Ament hëllefen. Enn vum Joer ass et eriwwer mat den aktuelle Mesuren. An de Premier Luc Frieden sot no der Reunioun, datt d’Energiemesuren awer op iergendeng Manéier solle weiderlafen. Méi gouf bis elo net decidéiert. Mee d’nächst Woch ass schonn eng weider Reunioun.
Da war dës Woch och d’Quadripartite: Do ginn Diskussioune gefouert, déi just ëm de Budget vun der Gesondheetskeess – der CNS - dréinen. An der Reunioun setze Ministeren, Gewerkschaften, Patronen a Prestatairë bei eneen. Si hunn e Mëttwoch festgehalen, datt d’Gesondheetskeess méi Suen ausgëtt, wéi se der era kritt. Dat muss sech awer änneren an dofir sollen elo Abuse bei Medikamenter zum Beispill bekämpft ginn. Mee och d’Beiträg vun de Salariéen a de Patrone wäerten an d’Luucht goen – nämlech ëm jee 0,125 Prozentpunkten an zwar op den 1. Januar. De Verwaltungsrot vun der CNS muss dat awer nach offiziell unhuelen.
Soll et dann obligatoresch gi fir Lëtzebuergesch ze léieren, wann ee fir eng laang Zäit hei am Land wunnt oder schafft? Dat war de Sujet vun enger Petitioun, déi dës Woch ëffentlech an der Petitiounskommissioun vun der Chamber diskutéiert gouf. An där Petitioun gouf ënner anerem kritiséiert, datt am Gesondheetssecteur esou vill Franséisch geschwat gëtt. Déi Petitioun ass esou awer net ugeholl ginn, wéinst dem Wuert "obligatoresch", wat dra steet. Dat wier nämlech net an der Realitéit ëmzesetzen an och rechtlech net méiglech, esou Vertrieder vun der Chamberkommissioun.
D’Rout Kräiz huet dës Woch erëm en dréngenden Appell gemaach fir Blutt ze spenden: Aktuell wieren d’Bluttreserven ënner deem Niveau, deen an den nächste Wochen an de Spideeler gebraucht gëtt. D’Rout Kräiz freet, datt jiddereen, dee kann, an den nächsten Deeg oder Woche dofir Blutt spende geet.
Wann e Sonndeg bei eis eng nei Chamber géif gewielt ginn, wier déi rietspopulistesch Partei ADR ee grousse Gewënner: Si géifen iwwer 3 Prozentpunkte bäigewannen. Och d’DP, déi gréng an déi Lenk géife méi oder manner gewannen. D’LSAP géif gläich bleiwen. Op där anerer Säit géif d’Piratepartei, mee virun allem och d’CSV Stëmme verléieren.
D’Sëtzverdeelung an der Chamber no Walen ass e bësse speziell: Am ganze ginn et 60 Sëtz an d’CSV géif der – der Ëmfro no - 6 verléieren. Fir d’Pirate wier et e Minus vun 2. D’LSAP an d’DP géifen ee Sëtz bäikréien, déi gréng an d’ADR jee 3. A Prozenter wier eeben awer d’ADR de grousse Gewënner. D’Resultater vun der Ëmfro weisen awer och, datt déi aktuell Regierungskoalitioun nach just 30 vu 60 Sëtz an der Chamber hätt. Dat wier keng Majoritéit méi.
Dës Woch war iwweregens d’Rentrée vun der Chamber no der Summervakanz. An den éischte Sëtzunge goufen dräi nei Deputéiert vereedegt: D’Josée Lorsché fir déi gréng, de Gary Diderich an d’Ana Correia fir déi Lenk. Si ass déi éischt kapverdianesch Fra, déi bei eis an d’Chamber kënnt.
D’Piratepartei war an de leschte Jore vill an der Press mat ënnerschiddleche Streidereien. An der leschter Legislaturperiod, tëschent 2018 a 2023, hu si Suen, déi si fir hir Aarbecht als Deputéierte kruten, net richteg agesat. An dofir goufe si elo gestrooft. D’Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen kréien elo hir Indemnitéite fir ee bis zwee Méint tëschent 25 an 30 Prozent gekierzt.
An der Chamber selwer gouf dës Woch eng Erhéijung vum Kannergeld gestëmmt. Vum 1. Januar u gëtt et 45 Euro méi pro Kand, 60 Euro esou guer fir Kanner vun 12 Joer un. D‘Hëllef fir d‘Schoulrentrée geet ëm 60, respektiv 90 Euro erop.
De Finanzminister Gilles Roth vun der CSV huet an der Chamber de Gesetzprojet fir de Budget vum nächste Joer deposéiert a presentéiert. De Budget 2027 huet den Titel: "Fir d‘Leit, fir Opschwong". De Finanzminister huet dat esou resuméiert: "Mir investéieren, mir entlaaschten. Mir stäerken d’Kafkraaft vun de Leit. Mir stäerken d’Betriber. A mir halen d’Staatsfinanzen ënner Kontroll."
D‘Zuele vum neie Budget gesinn esou aus: D‘Depensë vum Zentralstaat, also d‘Ausgaben, sollen op 35,8 Milliarden Euro klammen. An d‘Recetten, also d‘Einnamen, op 33,9 Milliarden Euro. Ënner dem Stréch ass domat en Defizit vun 1,9 Milliarden Euro fir d‘nächst Joer virgesinn.
"Lëtzebuerg ka sech dat erlaben, well d‘Recettë sech no uewen entwéckelen“, sot de Finanzminister. D‘Staatsschold soll bis 2030 dann och weider knapp ënner 30 Prozent vum Bruttoinlandprodukt bleiwen. Dat ass däitlech manner wéi a villen aneren EU Länner.
Mir kucken de Budget 2027 nach e bësse méi am Detail: De Staat gëtt a ville Beräicher méi Suen aus. Fir Familljen, zum Beispill, gëtt d‘Kannergeld am Januar gehéicht. An de Mindestloun klëmmt d‘nächst Joer och, ëm 3,8 Prozent.
Ee vun de gréisste Poste bei den Ausgabe sinn d‘Personalkäschte beim Staat. Déi sollen 2027 op 5,5 Milliarden Euro klammen.
Och fir d‘Verdeedegung an d‘Sécherheet si vill Sue virgesinn. D‘Ausgabe fir d‘Verdeedegung sollen d‘nächst Joer op 1,4 Milliarden Euro klammen. A fir d‘Police si 600 Milliounen Euro virgesinn. D‘Police soll ënner anerem nei Equipementer an Anti-Drone-Systemer kréien.
D‘Investitioune sollen op en neie Rekord klammen, vun iwwer 4,5 Milliarden Euro.
Am Budget 2027 sinn och steierlech Entlaaschtunge fir d‘Betriber virgesinn. D‘Kierperschaftssteier – dat ass d‘Steier fir Betriber – soll fir grouss Entreprisë vu 16 op 15 Prozent erofgoen, a fir kleng a mëttelgrouss Betriber, vu 14 op 13 Prozent.
Déi politesch Oppositioun huet gréisstendeels kritesch op de Budget 2027 reagéiert. D‘LSAP zum Beispill huet fonnt, datt d‘Regierung zwar vill Suen ausgëtt. Mee si hätt keng kloer Strategie fir déi grouss Problemer am Land ze léisen, zum Beispill déi héich Wunnengspräisser, esou d‘LSAP. D‘ADR huet fonnt, et wier net gutt fir Lëtzebuerg, wann d‘Land weider Scholde mécht.
Och vun der Ëmweltorganisatioun Mouvement écologique gouf et Kritik. D‘Regierung géif weider op ekonomesche Wuesstem setzen a net genuch géint d‘Klimakris maachen.
D‘Gewerkschaft OGBL huet hirersäits kritiséiert, datt d‘Steiere fir d‘Betriber weider erofgesat ginn. Dat wier net fair vis à vis de Leit, well si nach ëmmer de gréissten Deel vun de Steiere géife bezuelen, esou den OGBL.
D’Gemeng Déifferdeng huet 400.000 Euro geklaut kritt. Déii Sue sinn am Fréijoer op e falsche Kont iwwerwise ginn, wéi elo bekannt gouf. Den Ament gëtt zu Déifferdeng en neit Gemengenhaus gebaut. An iwwer dem Architektebüro hat d’Baufirma der Gemeng eng Rechnung vu 400.000 Euro ginn. Et ass dunn enger onbekannter Persoun gelongen, Zougang zum Email-Verkéier tëschent deenen dräi Partner ze kréien. An déi Persoun huet sech dunn als Vertrieder vum Architektebüro ausginn. Si huet d’Gemeng gefrot, datt d‘Suen op en anere Kont – wéi deen normalen - sollen iwwerwise ginn. Wat d‘Gemeng och gemaach huet. An domat waren déi 400.000 Euro fort.
D’Chamber kënnt no der Summervakanz ëmmer eréischt den zweeten Dënschdeg am Oktober zesummen. Dës Woch gouf et schonn eng Rentréespressekonferenz. De Chamberpresident Claude Wiseler huet ënner anerem do annoncéiert, datt d’Chamber an Zukunft méi Kënschtlech Intelligenz wëllt gebrauchen, fir de Service fir d’Bierger:innen ze verbesseren. Ënner anerem sollen esou Ënnertitele bei Live-Iwwerdrounge vu Chamberssitzungen erstallt ginn.
Déi Lëtzebuerger Arméi krut dës Woch en neie Chef: de Generol Claude Robinet huet vum Steve Thull iwwerholl, deen an d’Pensioun goung. D’Prioritéite vum neien Arméischef sinn ënner anerem d’Diversitéit vum Personal, mee och déi nei Technologien. D’Verteidegungsministesch Yuriko Backes sot nach, datt d’Regierung de militäresche Beruff méi attraktiv maache wëllt.
De Summer ass eriwwer, et ass Zäit e Bilan vun der Touristesaison ze zeien. De Campingsecteur ass dee Beräich, deen dëst Joer am meeschte gewuess ass. Par rapport zum leschte Joer gouf et tëschent Januar a Juli eng Steigerung vun 13 Prozent. D’Hoteller an d’Jugendherbergen haten dogéint liicht manner Iwwernuechtunge wéi am selwechten Zäitraum 2025.
Och zu Lëtzebuerg goufen an de leschten Deeg net-identifizéiert Drone gesinn. Dat och iwwer dem Flughafen. Dat huet vill Onsécherheet a Problemer verursaacht. De Fluchverkéier um Findel gouf zweemol gestoppt.
D‘Leit an d‘Medien hu sech vill Froen iwwer déi Drone gestallt. Zu Lëtzebuerg wëssen d‘Autoritéiten awer nach ëmmer net, wien hanner den Drone stécht. Dat sot de Premier Luc Frieden op enger Pressekonferenz. D‘Regierung kéint näischt soen, esou laang si net sécher weess, wie fir déi Drone responsabel ass, esou de Premier. Sécher ass awer: Et ware gréisser Dronen, déi een net esou einfach an engem Buttek ka kafen.
De Premier sot och: D‘Dronen hätte bis elo keng Gefor fir d‘Populatioun duergestallt.
D‘Oppositioun huet der Regierung hire Krisekommunikatioun iwwer d‘Drone kritiséiert. Et misst ee sech froen, firwat d‘Regierung eng Pressekonferenz mat dräi Ministeren ofhält, wa si näischt Neies iwwer déi Drone soe kann, esou d’Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng an ADR. D‘Regierung hätt domat d‘Leit net verséchert, mee nach méi Onkloerheet iwwertd‘Drone geschaf.
UNO-Vollversammlung: Ried vum Grand-Duc Guillaume
De Lëtzebuerger Grand-Duc Guillaume huet fir d‘éischte Kéier eng Ried virun der UNO-Vollversammlung zu New York gehalen. Virun him hat schonn ënner anerem den amerikanesche President Donald Trump op därselwechter Bün geschwat. Hien huet do seng "America First" Politik verdeedegt. De Grand-Duc Guillaume huet a senger Ried par contre de Multilateralismus an de Respekt virun internationalen Institutioune verdeedegt. Et wier wichteg, datt d‘Länner an d‘Mënschen sech nees méi vertrauen, sot de Grand-Duc Guillaume.
De russeschen Oligarch Michail Fridman gouf vun der EU hirer Sanktiouns-Lëscht erofgeholl. Lëtzebuerg hat sech dofir agesat, an d‘Ukrain huet dat schaarf kritiséiert.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet déi Decisioun awer verdeedegt. Si wier am nationalen Interêt vum Land geholl ginn a géif näischt un der Lëtzebuerger Ënnerstëtzung vun der Ukrain änneren.
Et ass onkloer, ob déi Decisioun eppes mat der Klo vum Michail Fridman virun engem internationale Geriicht ze dinn huet. De Milliardär fuerdert ronn 15 Milliarden Euro vu Lëtzebuerg, well säi Verméigen hei am Land agefruer gouf.
Nieft dem Michail Fridman gouf och nach de russeschen Oligarch Alischer Osmanow vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach. Dat op Wonsch vun der Slowakei a vu Frankräich.
D’Vakanz ass definitiv eriwwer. Bei eis ginn elo erëm 120.000 Jonker an d’Schoul. Si hunn tëschent 3 an 18 Joer. Vun elo u muss een nämlech bis 18 Joer an der Schoul bleiwen. Dat ass eng vun den Neierunge fir dëse Schoulufank. Nei ass awer och de sougenannte Projet ALPHA: Domat kënne kleng Kanner elo op Däitsch oder Franséisch léiere liesen a schreiwen. Bis elo gouf dat just op Däitsch gemaach.
Wann een no der Schoul beim Staat wëllt schaffe goen, muss een de Staatsexame maachen. Hei sinn elo d‘Reegele geännert ginn. Deen Exame kann ee vun elo un nämlech all Schaffdag am Joer maachen. Bis elo gouf e just zwee oder dräi Mol d’Joer organiséiert. Elo muss een sech och direkt op eng konkret Aarbechtsplaz mellen. Dat war bis elo net esou. Nei ass hei och nach, datt den Exame just 1 Joer laang gutt ass. Bis elo waren et just 5 Joer.
Eng Firma vu Wolz, d‘Firma DTMD, soll jorelaang eppes gemaach hunn, wat si net duerft: Si soll Masterdiplomer an der Zänntechnologie ausgestallt hunn. Dat huet den däitsche Magasinn Spiegel gemellt. Déi Formatioun hätt wuel en Zertifikat vun enger däitscher Agence gehat. Mee d‘Schoul hätt awer d'Recht net gehat, fir déi Diplomer auszestellen. 500 Leit wiere betraff gewiescht. D‘Privatschoul soll an Tëschenzäit faillite sinn.
Da gouf et Enn der Woch nach Opreegung wéinst Dronen, déi an der Géigend vu Miedernach – am Kanton Dikrech – solle gesi gi sinn. De Premier Luc Frieden hat en Donneschdeg déi interministeriell Cellule d'évaluation drones aberuff fir eng Analys vun der Situatioun ze maachen.