Ee Joer ass et haut hier, datt de Ben Polidori d’Piratepartei wéinst internen Divergenze verlooss huet. Zënter dem September ass den Norddeputéierten Deel vun der LSAP-Fraktioun an der Chamber.
Mam Ben Polidori inclus hätte bannent 12 Méint sechs gewielte Vertrieder:innen der Piratepartei de Réck gedréit, huet d’Koordinatiounsteam eis op Nofro hi matgedeelt. Am Total wiere ronn 25 Memberen ausgetrueden. Donieft huet d’Piratepartei finanziell Problemer: Si géif awer “politesch komplett handlungsfäeg” bleiwen, esou d’Koordinatiounsteam.