D'Wënzer:inne stelle sech op e gudde Cru an, mussen an Zäite vu Klimawandel a manner Alkoholkonsum awer och no Weeër siche fir sech op d'Zukunft virzebereeden. D'Paule Rodesch ass zu Wellesteen bei der Lies um Domaine René Bentz derbäi, wou dëst Joer déi éischte Kéier zwou PIWI-Riefzorten ugebaut goufen. Riewen, déi méi resistent solle si géint Pilzkrankheeten an de Klimawandel.