No der 0-5-Defaite géint Schottland en Dënschdeg heiheem, spillt d'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Damme muer (7.3.) de Retourmatch zu Glasgow. Am 100,7-Interview verréit den Nationaltrainer Dan Santos, wéi eng Léiere seng Ekipp aus deem éischte Match gezunn huet, a mat wéi engen Erwaardunge si d'Partie am legendären Nationalstadion zu Glasgow muer ugeet.