E Sonndeg ass Bretzelsonndeg. A fir datt och nëmme keen dat vergësst, organiséiert d’Confédératioun vum Liewensmëttelhandwierk haut scho fir déi 38. Kéier e Cortège de la Bretzel. An dee féiert den Oldtimerbus mat der Bretzelkinnegin dëst Joer op Diddeleng, wou vu 4 Auer un 1.000 Bretzele verdeelt ginn. Dofir: gitt dohin, wann der net allze wäit ewech sidd. Mee wéi ass dat nach emol mat deene Bretzelen? Wie muss do scho méi wiem eng schenken? Den Amir Grumberg, Jurist a Conseiller vun der Fédération des Artisans, kläert eis op.