Bicherfrënn hu se sécher scho laang am Kalenner stoen: Dëse Weekend sinn nees d’Walfer Bicherdeeg. Et ass schonn déi 30. Kéier datt déi gréisste Bicherfoire am Land stattfënnt. D'Paule Rodesch geheit e Bléck hanner d’Kulissen a mécht sech e Bild vun de leschte Virbereedungen.