An der Diskussioun iwwer eng Reform vum Lëtzebuerger Walgesetz, déi jo elo dës Woch an der zoustänneger Chamberkommissioun richteg lancéiert gouf, ginn et net esou vill Punkten, op deene sech vu vir eran en Accord ofzeechent. Eng Saach bei där d’Parteie sech awer eens gi kéinten ass den digitale Vott, also d’Wielen iwwer Internet. An Estland existéiert déi Méiglechkeet seng Stëmmen online ofzegi schonn zënter 20 Joer. De Mihkel Solvak, dee sech op der Universitéit vun Tartu an Estland intensiv mam Sujet befaasst, erkläert, datt d’Aféierung vum E-Voting am Joer 2005 fir wéineg Diskussioune gesuergt hätt.