Eemol 175 Joer an eemol 60 Joer feieren de Stater Méchelschouer an d'madrigal du Luxembourg mat engem gemeinsame Concert an der Kierch um Houwald.
Esou eng laang Chouertraditioun bitt dann och vill Input, déi lescht Joerzéngte Revue passéieren ze loossen. Ma och ze kucken, wéi et der Lëtzebuerger Chouer-Zeen aktuell geet a wéi eng Erausfuerderungen an Zukunft waarden.
Doriwwer huet sech de Lex Kauffmann zesumme mat den Dirigente Jochen Schaaf a Gerry Welter vun den zwee Chéier ënnerhalen.