Mat ganz knapper Avance huet d’B90/Die Grünen d’Landtagswal a Baden-Württemberg gewonnen. Ugeféiert vum Spëtzekandidat Cem Özdemir kënnt d’Partei op 30,3 Prozent vun de Wielerstëmmen. Just 0,6 Prozent dohannert läit d’CDU op der zweeter Platz, déi rietsextreem AfD gëtt mat 18,7 Prozent drëttstäerkste Kraaft. D’Warscheinlechkeet ass héich, datt déi gréng-schwaarz Regierung zu Stuttgart weider un der Muecht bleift.
Detailer vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.