PFASen, déi sougenannten Éiwegkeetschemikalien, gi villsäiteg genotzt. Si accumuléiere sech am Waasser, an de Biedem an och am mënschleche Kierper. A si bréngen eng ganz Rei gesondheetlech Risike mat sech. An der EU kéint d'Notze vun dëse Chemikalien dowéinst massiv ageschränkt ginn. Wéi wäit dës Restriktioune solle goen, ass awer nach ëmstridden. D'Pia Oppel huet doriwwer mam Gaston Trauffler vun der Industrielle-Federatioun FEDIL, der grénger Europadeputéiert Tilly Metz a mat der Christine Hermann vun der ONG Europäeschen Ëmweltbüro geschwat.