Klassik Aktuell

En emotionale Concerto fir Cello


Listen Later

Am Kader vum Festival Musique dans la Vallée, bei deem et Concerten an der Belsch an zu Lëtzebuerg ginn, gëtt de 27. September en Optrëtt an der Kierch zu Biebereg (Bettborn) organiséiert. Optriede wäert den Orchestre de la Fondation Baron Arthur Grumiaux, ënner der Direktioun vum Luc Dewez. Um Programm stinn dräi Wierker vun dräi verschiddene Komponisten (Respighi, Schumann an Dvorak) a Solistin ass d’Cellistin Stéphanie Huang. Si huet 2022 de Concours international Reine Elisabeth de Belgique gewonnen. Mat dobäi ass och nach d’Mezzo-Sopranistin Cécile Lastchenko.
De Concert gëtt och vum Opus opgeholl an zu engem spéideren Zäitpunkt um Opus diffuséiert.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Klassik AktuellBy radio 100,7