Et huet zwee Versich gebraucht - an e puer Stonne méi laang gedauert wéi geplangt, mee: de Friedrich Merz ass däitsche Bundeskanzler. Nodeems de Politiker vun der CDU gëschter am éischte Walgang am Bundestag keng Majoritéit krut, ass et am zweeten Tour dunn duergaangen. Eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch beliicht d'Hannergrënn vum Vott.