Bei deene meeschte Klassik-begeeschterte Leit wäert den Titel "Johannespassioun" intuitiv den Numm Johann Sebastian Bach matschwénge loossen. Den 31. Mee an den 1. Juni kann een hei zu Lëtzebuerg Liveopféierunge vun enger Lëtzebuerger Johannespassioun lauschtere goen. Et ass déi vum Jean-Pierre Kemmer. Domat ass d'Johannespassioun ganz sécher net klassesch. De Christophe Mirkes huet sech mat der Dirigentin Steffi Schlink iwwert d'Wierk ënnerhalen, an ënner anerem och wéi een un d'Noute vun dëser Passioun kënnt.