E vollwäertegt a gläichberechtegt Deelhuele vun alle Mënschen an der Gesellschaft ass d'Fundament vun eisem Zesummeliewen. Mënsche mat Behënnerung gehéieren zum gesellschaftleche Bild a sinn Deel vun eiser Diversitéit. Leider deet sech eis Wuelstandsgesellschaft awer nach dacks schwéier mat Mënschen, déi aneschters sinn. Dat mengt d’Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen, d’Laura Zuccoli am Fräie Mikro.