Gëschter war den 3. Joresdag vum russeschen Ugrëff op d’Ukrain. Ronn 4.000 Flüchtlinge koumen zanterhier op Lëtzebuerg, fir hei ze liewen. Ee vun hinnen ass d’Juliya. Virun dräi Joer ass si mat hirem Mann a sengen zwee Kanner vu Kiew op Lëtzebuerg komm. Si erzielt, wéi d'Liewen hei fir eng ukrainesch Famill ass wärend am eegene Land de Krich amgaangen ass.