Firwat huet d'Generaldirektioun vun der Caritas fënnef Méint laang net gemierkt, datt d'ONG 61 Milliounen Euro geklaut krut? Där Fro si mer an der drëtter Episod vun der Serie "Carambolage" am 100,7-Zeenewiessel-Podcast nogaangen. An dobäi op eng Woch gestouss, där hire Verlaf vill iwwert de Fonctionnement vun der Direktioun ausseet. D'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck mat Erklärungen.