All Ufank ass schwéier! Grad als Lafufänger kënnt ee just lues virun. D’Motivatioun riskéiert ze verschwannen, an sou munch een lant no e puer Wochen nees op der Couche. An dëser Episod gi mir iech Tipps, déi Loscht maache Lafen ze goen a mir verroden iech, wéi mir eis selwer motivéiert kréien.