Tempo - De Lafpodcast

Tempo - De Lafpodcast

By Andy Pawlikowski, Christine Delvaux, EldoradioSportsHealth & FitnessLeisureFitnessRunningHobbies
Download on the App Store

Tempo - De Lafpodcast episodes

  • Episod 17 - Tipps fir wärend de Feierdeeg net zouzehuelen
    All Mënsch kennt dat – Chrëschtdag steet virun der Dir an op all Eck lauere kulinaresch Geforen: Glühwäin, Spekulatius, Wafelen an anert séisst Gebäck. U Beweegung a Sport denkt ee wärend de Feierdeeg oft net. Kee Wonner, dass d'Leit hei zu Lëtzebuerg aktuellen Ëmfroen no wärend de Feierdeeg an der Moyenne 2 kg zouhuelen. Grond genuch fir d'Christine an den Andy ze kucken, wéi een d'Chrëschtdagszäit ouni Gewiichtszounam iwwerstoe kéint. Si hu sech e puer Strategien ausgeduecht a si gespaant wéi eng iech am beschte gefält.
    22 min
  • Episod 16- mat der Tempo-Nolauschterin Joy a mam Chich aus der Morningshow
    D'Tempo-Nolauschterin Joy huet am Januar ugefaange mat lafen well hatt vill zougeholl hat iwwert d'Feierdeeg. 23 Minutten fir 2,4 km huet hatt am Ufank gebraucht, mëttlerweil leeft hatt 12 km ouni Paus. Den Tempo-Podcast motivéiert hatt dobäi. D'Chich aus der Morningshow lauschtert och gären den Tempo-Podcast, mécht awer léiwer Fitness-Übungen doheem. Di zwou Nolauschterinnen erzielen an dëser Episod vun hirem Trainingsprogramm, hirer Motivatioun, an hiren Zieler.
    25 min
  • Episod 14 - Lafen am Wanter
    Wann et kal an ongemittlech gëtt, weist sech, wien di richteg Laf-Helde sinn. Di beschten Tipps, wéi och dir dozou gehéiert, wéi der bei Reen a Keelt optimal trainéiert a wéini der iech besser schoune sollt, ginn et an der 14. Episod vun Tempo.
    27 min
  • Episod 13 - Marathon-Training
    Den Andy ass Ufank Oktober säin éischte Marathon gelaf, beim Christine ass et schonn e puer Joer hir. An der 13. Episod schwätze si driwwer, wéi si hire Marathontraining opgebaut hunn- vum Tempotraining iwwert di wichteg laang Leef bis hin zu der Ernierung, der Regeneratioun an dem Ergänzungstraining. Ausserdeem hu si sech Gedanken driwwer gemaach, wéini a wou si hir nächst Course kéinte lafen.
    27 min
  • Episod 11 - Lafen als Ausgläich zum Beruff - mam François Bausch
    Den Transport- a Verdeedegungsminister François Bausch ass net just ee vill beschäftegte Politiker, mee och ee laangjärege Leefer, dee schonn e sëllege Course gelaf ass. An der neier Tempo-Episod verréit hien, wéi hie Beruff a Lafen ënnert een Hutt kritt, wat d’Lafen him bréngt a firwat hie grad den New Yorker-Marathon net gelaf ass. Hie schwätzt awer och iwwer Musek, sozial Medien an de Coronavirus.
    30 min
  • Episod 10 - Laftipps mam Bob Bertemes
    De Bob Bertemes huet mat kuerzen Distanzen ugefaangen a sech eréischt an de leschte puer Joer och op méi laang Strecke konzentréiert. An de 1500 Meter-Coursen huet hien eng Beschtzäit vun 3:48 erreecht, 10 Kilometer-Coursen ass hien an 30:18 gelaf. An dëser Tempo-Episod gëtt de Bob eis vill Tipps ronderëm de Laftraining, als zukünftege Kiné verréit hien eis awer och, wéi ee Lafverletzunge verhënnere kann.
    36 min
  • Episod 9 - Typesch Feeler, déi een als Leefer ausbremsen
    Falls iergendee mol op d'Iddie sollt kommen, eng Wiel vum onkomplizéiertste Sport z'organiséieren, dann hätt de Lafsport warscheinlech gutt Chancen ze gewannen.
    Awer hätt en dësen Titel och wierklech verdéngt?
    Kloer, wann een déi alleréischte Kéier seng Lafschong undeet, braucht keen engem z'erklären, wéi dat mam Lafe funktionéiert. Et leeft een einfach lass! Allerdéngs ginn et och fir eis Leefer eng ganz Rei Feeler, déi sech dem Succès an de Wee kënne stellen. An dëser 9. Episod weise mir, wéi bestëmmte Feeler een ausbremse kënnen, a wat ee maache kann, fir sech als Leefer weider z'entwéckelen a seng Zieler z'erreechen.
    34 min
  • Episod 8 - Trainingstipps mam Jenny Gloden
    D’Jenny Gloden huet mat 10 Joer ugefaange mat der Liichtathletik. 10 Joer laang ass hatt vrun allem 800 m Course gelaf, ier hatt virun 2 Joer op Laangstrecken eriwwer gaangen ass - mat enger momentaner Beschtzäit vu 37 Minutten op 10 km.
    Säin Knowhow a seng Laferfarung bréngt hatt an des Episod mat eran a gëtt eis Tipps ronderëm den Training, d‘Competitiounen an d‘Ernährung.
    27 min

About Tempo - De Lafpodcast

From the publisher's feed

Et gi Leit, déi soen: "Näischt ass méi langweileg wéi Lafen."