Sign up to save your podcasts
Or

Vum 30. Juni u gëtt et an der BNL (Bibliothèque Nationale du Luxembourg) eng Ausstellung iwwer de Pierre Nimax senior. Hie war ënner anerem Dirigent vun der Militärmusek, Kappellmeeschter vum groussherzoglechen Haff, Pianist, Organist, Komponist, Sänger a Pädagog. 2021 ass hien am Alter vun 90 Joer gestuerwen. Säi villfältegen Engagement huet d'Lëtzebuerger Musekszeen gepräägt. Dat gouf elo och a Form vun enger schrëftlecher Biographie opgeschafft. Do ginn et an engems verschidden Ablécker a privat Dokumenter. Zum Beispill ee Bauplang fir e speziellen Dirigéier-Piano.
De Christophe Mirkes huet sech mat der Schrëftstellerin Elisabet Wirtz-Lemmel vum Buch "Zwischen Tasten und Taktstock" iwwer dat ofwiesslungsräicht Musekerliewe vum Pierre Nimax senior ënnerhalen. Ugefaangen huet d'Gespréich mat der Fro, wat d'Wierke vum P. Nimax sen. tëschent den Tasten an dem Taktstaf ausgemaach huet.
By radio 100,7Vum 30. Juni u gëtt et an der BNL (Bibliothèque Nationale du Luxembourg) eng Ausstellung iwwer de Pierre Nimax senior. Hie war ënner anerem Dirigent vun der Militärmusek, Kappellmeeschter vum groussherzoglechen Haff, Pianist, Organist, Komponist, Sänger a Pädagog. 2021 ass hien am Alter vun 90 Joer gestuerwen. Säi villfältegen Engagement huet d'Lëtzebuerger Musekszeen gepräägt. Dat gouf elo och a Form vun enger schrëftlecher Biographie opgeschafft. Do ginn et an engems verschidden Ablécker a privat Dokumenter. Zum Beispill ee Bauplang fir e speziellen Dirigéier-Piano.