Klassik Aktuell

“Et ass magesch esou vill Leit weltwäit ze erreechen”


Listen Later

Kuzguncuk ass ee ganz historesche Quartier op der asiatescher Säit vun Istanbul. Do hat d’Pianistin a Komponistin Büşra Kayıkçı laang hire Studio mat hirem Piano an hiren Opnamgeräter. Si kënnt vun Istanbul an huet och do studéiert. Net nëmme klassesch Musek, mee och Innenarchitektur. Fir si beaflosst dat eent dat anert. Mat hiren eenzegaartegen a ganz intimen Improvisatiouns-Concerte begeeschtert si Leit ronderëm d’ganz Welt. De 17. August spillt si hiren alleréischte Concert hei am Land an de Rotonden.
Wéi si Innenarchitektur an hir Musek verbënnt, an ob si deemnächst en neien Album erausbréngt, ënner anerem dat verréit déi 34-Joer jonk Pianistin am Gespréich mam Marie Schockmel.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Klassik AktuellBy radio 100,7