Fräie Mikro

“Evaluation oder making learning vivisble?“


Listen Later

D’lëtzebuergesch Schoul setzt zanter Joren ëmmer méi op formativ Bewäertung a Feedback amplaz op reng Selektioun duerch Noten. Besonnesch am Secondaire stéisst dës Approche awer ëmmer nach un hir Grenzen.
Well trotz Remediatiounen, Feedback a Verbesserungen bleift fir vill Schüler virun allem d’Endnote relevant. Dobäi verschwannen déi korrigéiert Prüfungen – an domadder och e wichtegen Deel vum Léierprozess – emmer nach an den Archiven. D’Fro stellt sech also: Wéi vill “making learning visible” bleift eigentlech iwwreg, wann um Enn virun allem d’Zuel um Bulletin zielt? E fräie Mikro iwwer léiere Léieren vum Jean-Luc Thill.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Fräie MikroBy radio 100,7