Am Quartier Millebach am Norde vun der Stad war d’lescht Woch de Startschoss fir ee ganz spezielle Bësch. Um Eecherfeld ginn 3.500 jonk Beem geplanzt - dat als eng Zort wëssenschaftlecht Experiment fir d’Zukunft - fir erauszefannen, wéi een d’Bëscher hei am Land méi resilient fir d’Zukunft maache kann.