Moiesstudio

Fëmmverbuet a Frankräich


Listen Later

A Frankräich trëtt ee méi strengt Anti-Tubak-Gesetz a Kraaft. Et dierf net méi op Plaze gefëmmt ginn, wou Jonker zesummekommen: ronderëm Schoulen a Sportplazen, mee och a Parken, Plagen an op Busarrêten, déi iwwerdeckt sinn. D’Zil ass et, den Tubak ze ent-normaliséieren an de Konsum ze reduzéieren. Am Dezember zejoert huet d’Europaparlament eng Lëscht mat Recommandatiounen zum Fëmme verëffentlecht. Et si fakultativ Mesuren, déi d’Memberstaaten encouragéiere méi strikt géint den Tubakskonsum virzegoen. Frankräich setzt en Deel vun dëse Recommandatiounen haut (1.7.) ëm. Mee wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus?
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7