Fënster Op

Fënster Op

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Fënster Op episodes

  • Island
    Island huet eng Populatioun vun nëmme 400.000 Awunner, awer vill méi Schof. Et ass dat am dënnste besidelt Land an Europa. Island ass awer och bekannt fir seng Elfen a fir deftegt Iessen, zum Beispill Haifësch. Déi leschte Jore gouf et e reegelrechten Tourismusboom an Island, zu deem och Lëtzebuerger bäigedroen hunn. Iwwer all déi Theemen huet de Cédric Reichel mat dräi Islännerinnen, déi zu Lëtzebuerg wunnen, geschwat: d’Hulda Valsdóttir, d’Rúna Egilsdóttir an d’Ándrea Árnadóttir.
    37 min
  • Argentinien
    Argentinien ass d’Land vum Maradona, vum Messi a vum Poopst Franziskus. Dëst sinn zumindest déi bekanntsten Ambassadeure vun dësem Land mat 47 Milliounen Awunner, dat virun iwwer 200 Joer vu Spuenien onofhängeg gouf an zanterhier ëmmer erëm politesch Turbulenzen erlieft huet. Och zu Lëtzebuerg liewen 182 Leit mat argentineschem Pass. Mir léiere véier vun hinnen dës Woch e bësse besser kennen: D’Betania Antico, de Fernando De Sarriera, d’Rita Robles an hire Jong, de Branco Dmitruk.
    35 min
  • Syrien
    Den aktuellsten Zuele vum Statecno, liewe bal 3.700 gebierteg Syrer zu Lëtzebuerg. Déi meescht dovun hunn hiert Land no 2011 verlooss, nodeems d'Land politesch instabil ginn ass. Virdru war virun allem Damaskus als eng Staat vun den Intellektuellen an enger immens vibréirender kultureller Offer bekannt. Wéi ass et fir Syrer a Syrerinnen zu Lëtzebuerg? Wéi hunn se et erlieft vun engem Dag op den aneren de Status „Flüchtling“ ze hunn? Wéi ginn se mat der Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg em? Wou kënne Si hire Gefiller wierklech fräie Laf loossen. Mir léieren dräi vun hinnen des Woch bësse besser kennen: D’Laureena Mardini, de Yamen Mardini an den Tarek Alnabhan.
    39 min
  • Polen
    Zanter 2004 ass Polen Member vun der Europäescher Unioun, zanterhier profitéieren och Si vun den oppenen Grenzen. Mee och virdrun hu scho Leit mat polneschen Origine hire Wee op Lëtzebuerg fonnt an d'Grënn dofir si ganz divers. Wéi ass déi polnesch Communautéit zu Lëtzebuerg organiséiert? Wéi eng Bedeitung huet déi polnesch Sprooch no esou villen Joren zu Lëtzebuerg nach am Alldag? Wéi evoluéiert d’Relatioun mam Heemechtsland iwwert d’Joren?
    De Cédric Reichel am Gespréich mam der Bożena Tokaj, dem Tomasz Winiarski an der Agata Królak.
    36 min
  • Indien
    Indien ass e Land mat enger facettëräicher Kultur. Een Aspekt ass hei d'Iessen. Wat och ëmmer méi hei am Land present ass, d'Zuel vun den indesche Restauranten zu Lëtzebuerg huet an de leschte Joren zougeholl. Mee ass dat Iesse wierklech authentesch a ginn Inder:inne selwer och an déi Restauranten iessen? Fillen si sech integréiert a wat denken si iwwer Yoga? D’Cally Kerschen am Gespréich mam Kartik Sati, der Manisha Patnala an dem Deepu Dileepan.
    27 min
  • Brasilien
    Brasilien ass net nëmmen d’Land vun de fantastesche Fussballer, mee och d’Land vum Capoeira. D’Relatiounen tëschent Lëtzebuerg a Brasilien hunn eng laang Geschicht. Wéi ass et fir Brasilianer an engem Land ze wunnen, an deem hir Sprooch bal omnipresent ass? Wat vermësse si aus hirem Heemechtsland, a wéi gi si mat der wäiter Distanz ëm, fir hir Famill a Brasilien ze besichen? De Cédric Reichel am Gespréich mam Uelington Ramos de Oliveira, der Luciele Pinto Viégas Milani an der Ana Claudia Mariuba.
    46 min
  • Spuenien
    Spuenien ass zanter Joren eng vun de beléiftste Vakanzendestinatioune fir d'Lëtzebuerger. Am Grand-Duché liewen awer och iwwer 9.000 Mënsche mat spueneschen Originnen. Wat huet si heihinner verschloen? Wéi eng Klischeeën iwwer Spuenier stéiere si besonnesch a wéi sinn hir Liene mat Spuenien haut no ville Joren zu Lëtzebuerg?
    De Cédric Reichel am Gespréich mat der Teresa de las Morenas, dem Ivan Boumans an dem Antoni Monserrat Moliner.
    43 min
  • Italien
    Keng aner Kultur ass esou mat där lëtzebuergescher verflecht, wéi déi italieenesch. Wéi war et, als Italieenerin oder Italieener zu Lëtzebuerg opzewuessen, wéi fillt ee sech als Expat, a wéi ass de Bléck zeréck an Italien. D'Cally Kerschen am Gespréich mam Donato Rotunno, Sabrina Bartocci an Edoardo Carlotti
    32 min

About Fënster Op

From the publisher's feed

Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.