Klassik Aktuell

Festival Bridges II


Listen Later

Beim Festival Bridges II steet den Echange tëschent verschiddene Museker:innen am Vierdergrond. Wéi den Numm verréit, geet et drëms, Brécken ze schafen tëschent verschidde Kulturen, Zäiten an och Geschlechter. All Dag vum Festival steet entweder ee liewege Komponist, ee Lëtzebuerger Komponist oder eng Komponistin um Programm. Een Numm op der Affiche ass d'Albena Petrovic. D'Zil ass et, deene Museker:innen eng Bün ze ginn, déi soss dacks ënnerrepresentéiert sinn.
De Festival geet vum 25. September bis den 1. Oktober an d'Concerte sinn am Foyer Européen am Quartier vun der Stater Gare.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Klassik AktuellBy radio 100,7