Den David Angel ass Zentralsekretär fir den OGBL an ass zënter senger Jugend aktivistesch ënnerwee. An anere Wierder: Hie pfleegt eng gewësse Sträitkultur. Weider ass den Enrico Lunghi zu Gaascht, deen a senger Vergaangenheet och e Sträit erlieft huet, dee Konsequenzen no sech gezunn huet. An eigentlech wollt de Luc Spada guer net sou vill iwwert "dat" Theema schwätzen, et ass awer trotzdeem geschitt. An zu gudder Lescht, déi lescht Wierder, wou den David Angel den éischte Gaascht ass, den "dat" wierklech verstanen huet.
_______________________________________
An deem Kontext des « Information postérieure », déi de Radio 100,7 verflicht ass ze publizéieren. Déi fréier RTL-Journaliste Sophie Schramm a Marc Thoma sou wéi de fréieren RTL-Direkter Alain Berwick beruffe sech op d’Gesetz vun 2004 iwwer d’fräi Meenungsäusserung an de Medie fir Positioun ze huelen zu Aussoen um Radio 100,7 an op 100komma7.lu. Am Zentrum vun där Affär am Joer 2016 stoung en Extrait aus engem Tëleesinterview, an deem 28 Sekonnen op eng Aart a Weis erausgeschnidde waren, datt dëst fir de Spectateur net ze erkenne war. Dëst gouf vum Presserot als e Verstouss géint d’journalistesch Deontologie a vum Medieregulateur ALIA als e Verstouss géint d’gesetzlech Verflichtunge vum engem Televisiounssender zu Lëtzebuerg gewäert.
An hirer Information postérieure bezéien d’Signatairë sech net op déi Decisiounen, mee op de Presseprozess, dee virun engem Strofgeriicht war, wat zu Lëtzebuerg absolut aussergewéinlech ass. Presseprozesser sinn normalerweis virun den Zivilgeriichter. An dësem Prozess, deen also no de Prozeduren a Krittäre vum Droit penal gefouert gouf, sinn déi dräi Ugekloten an zweeter Instanz fräigeschwat ginn.
Affär RTL-Lunghi-D'Aussoen op 100,7 am Liicht vum definitiven Arrêt vum 3. Juni 2026
An de Sendunge vum 3. Dezember 2016, dem 28. Februar 2023, dem 12. Mee 2024 an dem 17. Mee 2025 goufen an der Causa RTL-Lunghi op 100,7 schwéier Uschëllegunge géint RTL, d'Journaliste Sophie Schram, Marc Thoma an den deemolegen CEO vun RTL, Alain Berwick, gemaach.
Den definitiven Arrêt vun der Cour d'appel vum 3. Juni 2026 mécht et dofir noutwendeg, d‘Aussoen op 100,7 an der causa RTL-Lunghi mat de geriichtleche Feststellungen ze konfrontéieren.
Den 3. Dezember 2016 an der Sendung „Richt eraus“ sot de Jürgen Stoldt iwwer d'Interviewmethod vun der RTL-Sendung Nol op de Kapp:
"Dozou gehéiert och, datt an Interviewen „Fangfroen“ dacks widderholl ginn, fir datt d'Persoun, déi ee wëllt an den Eck drécken, iergendwann eppes vu sech gëtt, wat ee ka benotzen."
D'Josée Hansen huet an dër selwechter Sendung de Montage vun RTL esou definéiert:
"Am Fong wier de Problem net d’Interviewtechnik, mee de Montage, deen dozou gefouert hätt, datt ee mengt, den Enrico Lunghi wier ee Monster dee géif Meedercher iessen."
Mat dëse Behaaptunge gouf suggeréiert, d'Sophie Schram hätt den Enrico Lunghi an eng Fal lackele wëllen, an de Montage hätt d'Realitéit verzerrt.
Den 28. Februar 2023 beim Optakt vum Prozess RTL-Lunghi, huet de Jacques Ganser op 100,7 gesot:
"Et bleift onkloer ob d‘Journalistin wierklech beim Interview blesséiert gouf. (...) Den Enrico Lunghi hat de Verdacht, datt et sech ëm e coup monté wéinst senge kënschtleresche Choixen handelt a mécht Plainte."
Mat Referenz op den disziplinaresche Rapport vum zoustännege Regierungskommissär huet et geheescht:
"E kënnt zur Conclusioun, datt am Montage vum RTL-Reportage Bild an Toun esou zesummegesat gi sinn, datt se e falscht Bild vun der Situatioun ofginn. Et gouf also gefuddelt, wat am Journalismus e No-Go ass."
An der Sendung vum 12. Mee 2024 vum Luc Spada mam Enrico Lunghi huet etgeheescht:
"Déi Blessuren, dat ass wierklech alles erfonnt (...) Also de Reportage brauch een am Detail e Moment auserneen ze huelen, da mierkt een, datt vum Titel bis de leschte Saz bannen näischt richteg ass, oder erfonnt oder gelunn."
Genee ee Joer méi spéit, an der Sendung vum 12. Mee 2025 huet de Maurice Molitor an engem Interview den Här Lunghi gefrot:
"Hutt der ären Deuil eigentlech gemaach?"
Den Enrico Lunghi äntwert:
"Et leit een ëmmer drënner. Ech well just, datt d'Wourecht gesot gëtt. Ech hunn der Mme. Schram net wéi gedoen, de ganze Reportage am Nol ass op Ligen opgebaut."
Den Arrêt nr: 278/26 X vun der Cour d'appel vum 03. Juni 2026 widderleet déi zentral Virwërf an Uschëllegungen, déi an de genannte Sendungen op 100,7 erhuewe goufen.
1. D'Virwërf vun enger Manipulatioun, engem „falsche Montage“ oder engem „Coup monté“
« Il ne ressort d'aucun élément du dossier répressif que si les 28 secondes étaient restées dans le reportage, le public aurait pu avoir une impression moins négative du comportement d'Enrico LUNGHI. La coupure de 28 secondes a partant été faite à bon droit ».
2. D'Behaaptung, d'Blessure vun der Journalistin wier „alles erfonnt“
« La Cour constate encore que les blessures subies par Sophie Schram sont dûment établies par les certificats médicaux régulièrement versés aux débats. Elle observe par ailleurs que l’incident à l’origine des ses lésions a fait l’objet d’une reconnaissance officielle en tant qu’accident du travail par l’Association d’assurance accident ».
3. D’Behaaptung, de Reportage wier op Lige gebaut
« La Cour d'appel retient que Sophie SCHRAM et Marc THOMA ont diffusé le reportage, sans qu’il n’y ait eu dépassement des limites de la liberté d'expression. (…) L’intention méchante ne saurait être retenue en l’espèce, le reportage litigieux reposant sur des éléments factuels établis et ne dépassant pas le cadre d’une critique journalistique sur un sujet d’intérêt général et partant ce qui doit être admis dans le cadre de la liberté d’expression. »
4. De Virworf vun enger bewosst inzenéierter Schiedegungsabsicht
« La Cour constate cependant qu’il ne ressort pas du reportage litigieux exprimé par ces derniers qu’ils avaient eu l’intention de nuire à la personne d'Enrico Lunghi en soi et d’exposer celui-ci au mépris public. Bien au contraire (…) La Cour retient que l’intention méchante ne saurait être retenue en l’espèce. »
5 Déi strofrechtlech Schlussfolgerung
« L’un des éléments constitutifs des infractions de calomnie, respectivement de diffamation, sinon d’injure-délit faisant défaut, celles-ci ne sauraient être retenus à l’encontre des prévenus »
Conclusioun: Déi deemoleg Journaliste Marc Thoma, Sophie Schram an de fréieren RTL-CEO Alain Berwick goufen op der ganzer Linn fräigesprach. Domadder widderleet den Arrêt vun der Cour d'Appel vum 3. Juni 2026 déi zentral Accusatiounen, déi op 100,7 verbreet goufen.