D'Caritas war virum Bedruch vun 61 Milliounen Euro reegelméisseg am Viséier vu versichte Frauden, ass och schonn zweemol virdrun drop eragefall an dat gouf intern thematiséiert. Dat weise Recherchë fir den 100,7-Zeenewiessel-Podcast. D'Informatiounen aus der aachter a finaler Episod vun eiser Serie "Carambolage" werfen eng nei Luucht op d'Affär, wéi d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck am Moiesstudio erklären.
Déi fréier Caritas-Finanzdirektesch behaapt jo, si wier beim Milliounebedruch op Krimineller eragefall. Wéinst de reegelméissege Versich fir eng Fraude au président haten déi Responsabel an der Caritas d'Instruktioun mëndlech beim Generaldirekter nozefroen am Fall wou géife verdächteg E-Mailen erakomme mat Instruktioune fir Payementer. Dat huet d’Finanzdirektesch awer net gemaach.
Si huet wärend der Fraude och géint Anti-Geldwäsch-Reegele verstouss, déi si selwer mat ausgeschafft huet. De fréiere Chef vun den internationale Caritas-Operatioune seet am Podcast, d'Finanzdirektesch hätt ëmmer fir méiglechst strikt Reegele plädéiert.
Egal wéi eng Roll awer d'Finanzdirektesch gespillt huet, hanner dem Bedruch stieche gutt organiséiert international Krimineller, déi mat grousser Warscheinlechkeet net just d'Caritas am Viséier haten. Och dat fanne mir an der aachter Episod eraus. Mir ginn der Spuer vun de Suen no, lande bei sougenannte "money mules", bei spuenesche Societéiten a Konten. A mir weisen, wéi den Ekosystem funktionéiert, op dee kriminell Reseauen zeréckgräife fir am grousse Stil Sue wäiss ze wäschen.
Déi aacht Episod vun eisem Caritas-Podcast ass zënter dësem 2. Juni eraus: An eiser App, op 100komma7.lu an op de Podcast-Plattformen