Wëll Planzen si wichteg fir d'Biodiversitéit, well si bidden Insekten a Vigel Narung a Liewensraum. Mä duerch verschidde Facteuren ginn et der ëmmer manner, vill Biotope verschwannen. D'woxx war sech dës Woch ee Projet ukucken, mat dem aktiv dogéint gekämpft gëtt. Am Podcast verréit d'María Elorza Saralegui, wat si bei hirem Besuch um Feld geléiert huet, wéi de Projet genee funktionéiert a wéi den Afloss vun der EU-Agrarpolitik dorobber ass.