Am Bistro mat der woxx

Am Bistro mat der woxx

Download on the App Store

Am Bistro mat der woxx episodes

  • Exklusiv woxx-Recherche zur russescher Kueleminn mat Lien op Lëtzebuerg

    Als lëtzebuergesch Journalistin zu enger russescher Kueleminn recherchéieren, dat ass net esou alldeeglech. D‘Minn vun Arshanovsky, eng vun deene gréisste Kueleminnen a Russland an als „carbon bomb” klassifizéiert, huet ee Lien mat Lëtzebuerg. Zanter 2022 gëtt et westlech Sanktioune géint Russland, déi och d‘Kuel betreffen. D‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui huet dowéinst eng grouss Recherche zu dëser Minn gemaach. Am Podcast erzielt si, wat si rausfonnt huet – dorënner och ee méigleche Verstouss géint d‘Sanktiounen.

    Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Charbon russe : Sur les traces de la poussière noire

    The post Exklusiv woxx-Recherche zur russescher Kueleminn mat Lien op Lëtzebuerg first appeared on Radio ARA.

    13 min
  • Wisou d’KI net wäert d’Weltherrschaft iwwerhuelen

    An deene leschte Wochen a Méint gouf et vill Schlagzeilen an Diskussioune ronderëm „rogue AI“, déi angeblech deemnächst schonn sech zu enger „Superintelligenz“ entwéckelen an d’Weltherrschaft iwwerhuele kéint. Tatsächlech huet sech Software, déi op engem grousse Sproochemodell baséiert, de Computernetzwierk vun enger aner Firma infiltréiert. Dëse Virfall ass grouss mediatiséiert ginn an huet zu villen Ängschte gefouert. Am Podcast erkläert de woxx-Journalist Joël Adami, wat et mat deem Virfall wierklech op sech hat, a wisou Firme wéi „OpenAI“ ganz staark dovunner profitéieren, wann hir Produiten als immens mächteg a geféierlech gesi ginn, och wann dat iwwerhaapt net der Realitéit entsprécht.

    D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Weltuntergang mit Werbewirkung & Der Computer bleibt dumm

    The post Wisou d’KI net wäert d’Weltherrschaft iwwerhuelen first appeared on Radio ARA.

    13 min
  • Wéi steet et ëm déi mental Gesondheet zu Lëtzebuerg?

    Dëst Joer ass déi fënneft Editioun vun de Woche vun der mentaler Gesondheet. Do sti vill Themen un, engt vun deene wichtegst ass d’Prekaritéit. Et gëtt nämlech ee staarke Lien tëscht Aarmut, Prekaritéit a mentaler Gesondheet. D’Psycholog*innen Hédi Ben Malek an Amélie Zeimet, déi fir d’Unitéit Psy vun Hëllef um Terrain schaffen, sinn Expert*innen op dësem Gebitt. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet sech mat hinnen ënnerhalen an erkläert am Podcast, wat déi wichtegst Facteure sinn.

    Link zum Artikel: Santé mentale et exclusion sociale

    The post Wéi steet et ëm déi mental Gesondheet zu Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.

    10 min
  • Den Tabu ëm d’Menopause briechen

    D’Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d’medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch Informatiounen. Mä et ginn ONGen, déi versichen, den Tabu ze briechen, esou zum Beispill „Lëtz Menopause“. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet mat hinne geschwat. Am Podcast erzielt si, wat déi gréisste Problemer ëm d’Menopause zu Lëtzebuerg sinn.

    Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: La ménopause : une transition encore mal comprise

    The post Den Tabu ëm d’Menopause briechen first appeared on Radio ARA.

    8 min
  • Wisou musse Leit zu Lëtzebuerg 34 Méint op hir Famill waarden?

    34 Méint ass déi duerchschnëttlech Zäit, déi et dauert, bis Leit mat engem Status vum Flüchtling oder der internationaler Protektioun eng Decisioun kréien, ob de Regruppement familial geneemegt gëtt. Dat ass déi eenzeg legal Method, fir datt Famillen erëm zesummegefouert kënne ginn. Dacks waarde Mammen oder Pappen also jorelaang, bis de Lëtzebuerger Staat decidéiert, ob si hir Kanner erëm däerfe gesinn. Wéi wann déi Situatioun net scho schlëmm genuch wier, wëll d’CSV-DP-Regierung d’Reegelen elo nach méi streng maachen. D’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui huet mat Flüchtlinge geschwat an erkläert am Podcast, wéi schwiereg et ass, ee Regruppement familial ze kréien a wat d’Regierung elo vir huet.

    Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Regroupement familial : Iels attendent toujours

    The post Wisou musse Leit zu Lëtzebuerg 34 Méint op hir Famill waarden? first appeared on Radio ARA.

    12 min
  • Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

    Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar Donnéeën iwwer geplangte Projeten, mä déi si geheim fir de Grand Public. Dobäi ginn et vill Grënn, géint Rechenzentren ze sinn: de grousse Stroumverbrauch, den dacks immense Waasserverbrauch, ausserdeem gi Fläche versigelt an als Killmëttel kommen Eiwegkeetschemikalien zum Asaz. An dëser Episod vum Podcast schwätze mir doriwwer, wat fir Donnéeën et iwwert existéierend Rechenzentren zu Lëtzebuerg gëtt, wéi vill Energie déi verbrauchen, wat fir Firmen nieft Google nach esou Projete plangen an op mir och am Grand-Duché wäerte Protester dogéint gesinn.

    Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Das Schweigen der Cloud

    The post Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg? first appeared on Radio ARA.

    17 min
  • Wisou d’Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass

    Deemnächst geet d’Schoul erëm un. Mä net fir all d’Schüler*innen ass et d’selwecht einfach oder schwéier, an der Schoul matzekommen. Et gëtt an de Lëtzebuerger Schoulen ëmmer méi Personal, fir Schüler*innen mat spezielle Besoinen ze ënnerstëtzen. Mä dat eleng geet awer net duer, an nach ëmmer schwätzen Elteren, Léierpersonal a Gewerkschafte vu villen Problemer. Pünktlech zur Rentrée huet sech d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras mat dem Thema beschäftegt a mat verschiddenen Leit vum Terrain geschwat. Am Podcast erzielt si, wat bei hirer Recherche erauskomm ass – ënnert anerem och, datt et ganz ënnerschiddlech Opfaassungen dovunner gëtt, wat Inklusioun an der Schoul iwwerhaapt ass a wat se leeschte soll.

    Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Élèves à besoins spécifiques, école à besoins urgents

    The post Wisou d’Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass first appeared on Radio ARA.

    11 min
  • Wat d’Scheitere vun der Buedem-COP mam Klima ze dinn huet

    Zu Ulaanbaatar, der Haaptstad vun der Mongolei, ass viru kuerzem d’Buedem-COP op een Enn gaangen. Do geet et dorëms, d’Wüstebildung an d’Degradatioun vun de Biedem op der Welt ze stoppen. Leider gouf et net vill Resultater, mä awer ee klenge Liichtbléck. Am Podcast schwätzt d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui iwwert d’Léieren, déi aus dëser COP gezu kënne ginn an erkläert och, wat dat erniichterent Resultat fir weider Konferenzen zur Biodiversitéit an natierlech dem Klima bedeiten.

    Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: COP17 gegen Bodendegradation: Ein Tropfen auf den heißen Boden

    The post Wat d’Scheitere vun der Buedem-COP mam Klima ze dinn huet first appeared on Radio ARA.

    15 min
  • Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet

    Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze kämpfe gehat. Dat, well besonnesch Vigel an där Zäit hir Kleng kritt hunn. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras war op Diddeleng, fir mat de Verantwortlechen iwwert dës Problematik ze schwätzen. Am Podcast erzielt si, wat si erlieft huet, a geet och op d’Fro an, wat mat invasiven Aarten, wéi zum Beispill de Wäschbieren, déi dës Woch um woxx-Cover ze gesi sinn, geschitt.

    Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Déiererechter: Soigner la faune sauvage dans un climat qui change

    The post Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  first appeared on Radio ARA.

    10 min
  • Um Tour mam Dynamobile

    Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d’Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet si getraff. Am Podcast erkläert si, wisou grad déi intergenerationell Approche sou interessant ass, a wisou dës Vëlos-Vakanz och eng politesch Dimensioun huet.

    Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Dynamobile : Une vague de cyclistes intergénérationnelle

    Déi nächst Editioun vun der woxx kënnt den 21. August eraus. Dofir gëtt et och da réischt erëm eng Episod vun eisem Podcast. Mir wënschen iech zwou flott Summerwochen! 

    The post Um Tour mam Dynamobile first appeared on Radio ARA.

    13 min

About Am Bistro mat der woxx

From the publisher's feed

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. D’Journalist*innen erklären, wisou hirt Thema wichteg ass an erklären…

More shows like Am Bistro mat der woxx

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

19 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Brussels Playbook Podcast by POLITICO

Brussels Playbook Podcast

104 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

Kalk & Welk - Die fabelhaften Boomer Boys by radioeins (rbb)

Kalk & Welk - Die fabelhaften Boomer Boys

16 Listeners

extra 3 - alles gut! by NDR

extra 3 - alles gut!

3 Listeners

Zeenewiessel by Radio 100,7

Zeenewiessel

0 Listeners

Hateland by ARD

Hateland

2 Listeners