Lëtzebuerg huet am Gewässerschutz "Null Prozent vu sengen Ziler" erreecht. Dat sot den Direkter vun der Waasserverwaltung, Marc Hans, uganks des Joers an engem Interview. Wat leeft schif a wéi kéint een dës wäertvoll Ressource besser schützen? Fir doriwwer ze schwätzen huet d'Pia Oppel dem Marc Hans zu Walfer op enger Bréck iwwert der Uelzecht Rendez-Vous ginn.