Wann d’nächst Woch och d’Grondschoulen an d’Summervakanz sinn, ass d’Vakanzesaison voll lancéiert. Domat si Komplikatioune beim Fléien nees en Theema. Am Fall vun enger Annulatioun, engem Retard oder engem Problem mat Bagagen huet een als Passagéier kloer definéiert Rechter. A well et méi Uspriechpartner gi fir déi verschidde Prozeduren, gouf gëschter fir den Optakt vun der Vakanzesaison eng Vereinfachung virgestallt.