Drug Stories

Folge 09 - Syntheetesch Cannabinoiden


Listen Later

An dëser Folg schwätzen d’Jessy an de Luc iwwer d’syntheetesch Cannabinoiden, déi zu de sougenannten NPS (neie psychoaktive Substanzen) gezielt ginn. NPS ass e Sammelbegrëff fir chemesch hiergestallten Substanzen. Mëttlerweil gëtt et honnerte vu verschiddenen syntheetesche Cannabinoide bei deenen den THC chemesch hiergestallt gëtt.

De Luc erkläert, dass d‘Wierkungen an d‘Niewenwirkungen vun de syntheetesche Cannabinoide ganz ënnerschiddlech kënne sinn. An der Reegel sinn se änlech wéi beim Cannabis mee oft vill méi staark a kënnen am schlëmmste Fall souguer zum Doud féieren.

Op wat kann een an dem Fall oppassen? An wou kann ee säi Weed teste loossen?
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

Tel: 49 77 77 -55

Mail: [email protected]

Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Drug StoriesBy Centre National de Prévention des Addictions