Wann an dëser Folg vun „Special K“ geschwat gëtt, ass domat net eng Schossel Cornflakes gemengt, mee d‘Substanz Ketamin, déi och haut nach heiansdo an der Noutfallmedezin a virun allem an der Déieremedezin als Narkosemëttel benotzt gëtt.
D’Jessy an de Luc diskutéieren, wat Ketamin als Drog fir eng Wierkung kann hunn, wat mat engem sougenannten „K-Hole“ gemengt ass a wat d’Risike vum Ketaminkonsum duerstellen, virun allem, wann et zesumme mat anere Substanze wéi Alkohol ageholl gëtt.
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:
Tel: 49 77 77 -55
Mail:
[email protected]Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu