Drug Stories

Folge 11 - GHB (Liquid Ecstasy, K.O.-Tropfen)


Listen Later

GHB ass eng vun de Substanzen, déi vu Kriminellen a Form vu K.O.-Drëpse benotzt ginn. GHB kann änlech wéi beim Alkohol zu Euphorie, Enthemmung, Schwindel oder Middegkeet féieren. GHB muss verdënnt ginn an ass immens schwéier ze doséieren. Eng Drëps ze vill ka schonn zu enger Iwwerdosis féieren. Virun allem a Kombinatioun mat Alkohol kann de Konsum vu GHB zum Koma féieren a souguer liewensgeféierlech sinn.

De Luc erkläert, firwat déi Substanz awer och an der Bodybuilder-Szeen als Dopping-Mëttel beléift ass, firwat se och „Liquid Ecstasy“ genannt gëtt an wat den Ënnerscheed zum GBL ass. 
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

Tel: 49 77 77 -55

Mail: [email protected]

Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Drug StoriesBy Centre National de Prévention des Addictions