Drug Stories

Folge 13 - Legal Highs (NPS)


Listen Later

Legal Highs ginn och nach NPS (nei psychoaktiv Substanzen) genannt. Dës chemesch hiergestallte Substanzen imitéieren d’Wierkung vun illegalen Drogen a sinn oft dee Moment wou se op de Maart kommen, nach net gesetzlech gereegelt.

An dëser Folg erkläert de Luc firwat vill vun de sougenannte Legal Highs a Wierklechkeet trotzdeem net legal sinn, dass et dräi verschidde Kategorië vu Legal Highs gëtt, dass d’Niewewierkungen an d’Risiken oft méi schlëmm sinn, wéi bei den net syntheetesch hiergestallten Drogen a firwat Leit déi Substanzen trotzdeem konsuméieren.
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo: 

Tel: 49 77 77 -55

Mail: [email protected]

Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu 
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Drug StoriesBy Centre National de Prévention des Addictions