An dëser Folleg geet et ëm d’Glécksspiller – vu Wierfelen an deenen alen Zäite bis zu Roulette, Blackjack an Online-Spiller haut. Luc a Jessy erkläre wat Glécksspill ausmécht, firwat si esou spannend sinn, a wéi se eis Gesondheet a Relatioune beaflosse kënnen.
Mir kucken och, wéi een erkennt wann et net méi just ëm de Spaass geet, a ginn Tipps, fir datt e Spill och wierklech e Spill bleift.
Hues de nach weider Froen zu verschidden Drogen an Süchten, da mell dech beim Service FroNo:
Tel: 49 77 77 -55
Mail:
[email protected]Weider Infoe fand der um Site vum CNAPA ( Centre National de Prévention des Addictions) -> www.cnapa.lu