Obwuel 2025 d'Zuel vun den irreguläre Migranten an d'EU un de Baussegrenzen ëm 26 Prozent zeréckgaangen ass, soll mam neien europäesche Pakt fir Migratioun an Asyl e vill méi restriktive System am Juni 2026 a Kraaft trieden. Gehetzt vu Rietsextremen, Nationalisten a wäisse Suprematiste bauen d'EU an déi national Regierunge weider un der Festung Europa, mengt d'Laura Zuccoli an hirem Fräie Mikro.